Kod: 12557845
A "Mondelia" weist den Auteur Jhemp Hoscheit, dee scho mat méi wéi engem Literaturpräis ausgezeechent gouf, fir d'éischte Kéier säin Talent als Kriminalschrëftsteller, an dat mat engem Roman, deen net nëmme wéinst senger Protagoni ... więcej
Wpisz swój adres e-mail, aby otrzymać od nas powiadomienie,
gdy książka będzie dostępna. Proste, prawda?
A "Mondelia" weist den Auteur Jhemp Hoscheit, dee scho mat méi wéi engem Literaturpräis ausgezeechent gouf, fir d'éischte Kéier säin Talent als Kriminalschrëftsteller, an dat mat engem Roman, deen net nëmme wéinst senger Protagonistin iwwerrascht. Bei der Titelheldin "Mondelia", déi am Jhemp Hoscheit sengem neie Buch hir detektivesch Fähegkeeten ënner Bewäis stellt, handelt et sech nämlech erstaunlecherweis ëm - eng Dëppeplanz. Kuerz nodeems d'Marie Delken beim Här Grimmler op Besuch war, gëtt hatt entfouert. D'Kidnapper froe Léisegeld vum Marie sengem Papp, dem Chef d'Agence vun der Luxbank. Fir d'Liewe vu sengem Meedchen net op d'Spill ze setzen, weess den Här Delken net, wat besser ass: D'Polizei aweien oder op d'eege Fauscht handelen an d'Léisegeld op där Plaz ofginn, déi e gesot krut? Den Här Grimmler, dee verdächtegt gëtt, mat de Kidnapper ënnert enger Decken ze stiechen, ass e grousse Planzefrënd a verbréngt seng Fräizäit domadder, sengen Zëmmerplanzen hir Wuesstemsreaktiounen ze moossen. Eng vu senge Planzen, d'Mondelia, huet aussergewéinlech Fähegkeeten. Nodeems se Zeie vun der Entféierung gouf, weist se staark physiologesch Reaktiounen. Et schéngt, wéi wann d'Mondelia op eng ganz besonnesch "planzlech" Manéier bei der Sichaktion hëllefen an sech lues a lues als intelligent Detektivin erausstelle kéint. Si déi "botanesch" Nofuerschunge méi erfollegräich wéi déi kriminalistesch Enquęte? Kann d'Mondelia mat hirem detektivesche Flair op d'Spur vu den Kidnapper kommen? De Fall kritt Dimensiounen, wéi een sech s'an engem gewéinleche Krimi bis zum Schluss net erwaart hätt.
Od roku 2008 obsłużyliśmy wielu miłośników książek, ale dla nas każdy był tym wyjątkowym.
Copyright! ©2008-24 libristo.pl Wszelkie prawa zastrzeżonePrywatnieCookies
Dobre na wszystkich stronach
Koszyk ( pusty )
Twoja lokalizacja: