Der Kleine Prinz. De Klenge Prënz / Libristo.pl
Der Kleine Prinz. De Klenge Prënz

Code: 15531692

Der Kleine Prinz. De Klenge Prënz

by Antoine de Saint-Exupéry, Lex Roth

Lex Roth: Nei lëtzebuergesch Versioun vum ,PETIT PRINCE' De 'Petit Prince' vum Antoine de Saint-Exupéry ass, no der Bibel, dat meescht iwwersatent Buch vun der Welt: iwwer 260 Sproochen an Dialekten; wäit méi ewéi 250 Milliounen ... more


Out of stock

Availability alert

Add to wishlist

Availability alert

Availability alert


Your agreement - Submiting you agree to the Terms and Condtions.

We will watch availability for you

Enter your e-mail address and once book will be available,
we will send you a message. It's that simple.

More about Der Kleine Prinz. De Klenge Prënz

Book synopsis

Lex Roth: Nei lëtzebuergesch Versioun vum ,PETIT PRINCE' De 'Petit Prince' vum Antoine de Saint-Exupéry ass, no der Bibel, dat meescht iwwersatent Buch vun der Welt: iwwer 260 Sproochen an Dialekten; wäit méi ewéi 250 Milliounen Exempläre si gedréckt ginn ; dat ka jo keen Zoufall sinn. Intressant: eleng 16 veschidden Iwwersetzungen op däitsch; déi vum Philosoph Sloterdijk an dem Schrëftsteller Hans-Magnus Enzensberger fënnt een 2015 bei deene 6 däitsche Versiounen am leschte Joer... zimlech ,fräi' iwwerdroen. Firwat net eng 2. nei lëtzebuergesch? Den enormen Erfolleg vun dësem ,Welt-Buch' kënnt natierlech dovun, datt et sech zwar wéi e ,Kannerbuch' weist, a Wierklechkeet ower op all Manéier e philosophesch-mythologescht Wierk ass, eng Zort Fabel, e Mäerchen, dat esou jonk bleift wéi déi alleguer, déi sech op dës Manéier mam Liewe wëllen/ mussen auserneesetzen! De Lex Roth huet sech zënter 50 Joer ë.a. mat dosendeweisen Iwwersetzunge vun de Fabele vum La Fontaine, iwwer 20 Tintin- an Asterix-BD, bis bei grouss Mäerchebicher a 25 Titelen aus der Walt Disney-Produktioun - strikt nëmmen aus den Originalen eraus - en Numm als Spezialist fir d'Iwwerdroen an d'Lëtzebuergescht gemaach. Hie bréngt dann elo ,De Klenge Prënz' an eiser Sprooch, an hofft, datt d'Komplimenter vun de sëlleche Fachleit ewell fir d'Fabelen och fir de ,Klenge Prënz' kënne wouer bleiwen, ë.a.: ...Mat Genoss hunn ech Är Fabelen degustéiert...si hunn eng echt lëtzebuergesch Nues kritt... duerch Är säfteg, kräfteg mä och nuancéiert, räich Sprooch ass et eng perséinlech Kreatioun ginn (Prof. Leolpold Hoffmann). ...Quel délice et quel émerveillement de trouver subitement sa langue d'origine dans sa plus pure authenticité...vous m'avez fait découvrir tout un pays que je ne connaissais pas (Me Gaston Vogel). Den Iwwersetzer huet sech elo ganz bewosst esou no wéi méiglech - also guer net ,fräi' - um ,Saint-Ex' säi spezielle Stil fir de ,Petit Prince' gehal. Dat ass natierlech en Avantage fir franséischsproocheg Leit, déi sech fir hirt Léieren ,eran' an d'Lëtzebuergescht wëlle liesen... a lauschteren; de ganzen Text läit, wéinst der eegener Musikalitéit an dem Takt vun eiser Sprooch op duebeler CD am neie (gebonnene) Buch: Eng Invitatioun fir jidfer Lëtzebuergesch-Cours! Datselwecht kann ee fir déi soen, déi aus dem Lëtzebuergeschen eraus Franséisch wëlle léieren... also normal Schoulklassen!

Book details

Trending among others


Books by language

250 000
safisfied customers

Since 2008, we have served long line of book lovers, but each of them was always on the first place.


Paczkomat 12,99 ZŁ 31975 punktów

Copyright! ©2008-24 libristo.pl All rights reservedPrivacyPoučení o cookies


Account: Log in
Wszystkie książki świata w jednym miejscu. I co więcej w super cenach.

Shopping cart ( Empty )

For free shipping
shop for 299 zł and more

You are here: