Code: 12557849
De Schrëftsteller Michel Lessener erënnert sech u seng Kandheet an de 6oer Joren. Hien ass ouni Papp opgewuess a wousst net, wou säi Papp déi ganzen Zäit war. Firwat hu seng Mamm, seng Schwëster a seng Schoulmeeschteren him gewëss ... more
Enter your e-mail address and once book will be available,
we will send you a message. It's that simple.
De Schrëftsteller Michel Lessener erënnert sech u seng Kandheet an de 6oer Joren. Hien ass ouni Papp opgewuess a wousst net, wou säi Papp déi ganzen Zäit war. Firwat hu seng Mamm, seng Schwëster a seng Schoulmeeschteren him gewësse Saache verheemlecht? Seng ganz Schoulzäit besteet nëmmen aus Rätselen. Ee Gléck huet hien als klenge Bouf e ganz gutt Gehéier an e speziellen Don. Well hien d'Geräischer am Haus, an der Natur oder an de Caféen, an déi seng Mamm hie matschleeft, an Honnerte vu Fixkëschten "ophëlt", kann hien eenzel Kläng ënnerscheeden a sech verschidden Téin verhalen. Seng Klangwelt gëtt eng Parallelwelt, mat där hie versicht, déi batter Realitéit an d'Allengsinn besser z'erdroen. Wéi hien de Claude, dem Ënnersuchungsriichter säi Jong, kenneléiert, fänkt eng spannend Zäit un. Et schéngt, wéi wann de Claude méi iwwert dem Michel säi Papp wéisst ... An dësem ganz intime Roman geet et ëm d'Wiesselspill tëscht Wourecht a Ligen, ëm de Wäert vun der Virstellungskraaft an der Stäerkt vun der Erënnerung. Ass dat, wat een an der Kandheet erlieft, entscheedend fir de Wee, deen ee spéider am Liewen aschléit?
Since 2008, we have served long line of book lovers, but each of them was always on the first place.
Copyright! ©2008-24 libristo.pl All rights reservedPrivacyPoučení o cookies
You & Books. All covered.
Shopping cart ( Empty )
You are here: